Terminer
![]()
|
Gottesdéngschter
/ Célébrations Hei kënnt Der dat aktuellt Parblat kucken: D'Gottesdéngschter aus dem ganze Land fannt Der hei:
Daffeier / Baptême
La célébration du baptême est possible dans presque toutes les messes. En outre, nous pouvons organiser des baptêmes l'un ou l'autre samedi après-midi ou dimanche après-midi.Veuillez prendre contact avec l'équipe pastorale en vue de la fixation d'une date.
Ersatzdéngscht an der Vakanz Wann Dir e Geeschtleche braucht, da kennt Dir Ierch un den Här Dechen
Théophile Walin (Tel: 720149), den Här Paschtouer Fernand Reuter (Tel:
726114) oder un den Här Paschtouer Nico Jans (Tel: 730088) wenden. Krankekommioun Wa Leit aus Ärer Famill net méi kënnen an d'Kierch kommen an awer wëllen
d'helleg Kommioun empfänken, da komme mir gäre bei Iech heem. Dir musst eis
just Bescheed soën. Meld Iech bem Paschtouer um Telefon 790027 oder 621-197083. Bestelle vu Massen Masse kënnt Dir ëmmer beim Paschtouer oder bei der Parassistentin
bestellen. Wann Der op ee bestëmmten Termin eng Mass wëllt hun an dës Mass soll
um Parblad ugekënnegt gin, dann ass et gutt, wann Dir Iech fréizäiteg mellt,
jiddefalls op mannst 14 Deeg, ir dat alt Parblad ofleeft. Rufft an dene Fäll
am beschten am Paschtouëschhaus zu Konsdrëf un. Déi momentan gülteg Präisser
fir Massen sin déi hei:
Et versteet sech, datt des Suën de jeweilege Kierchefabréken zoustin. Eng
Hochzäit an e Begriefnis ass deemno och dann un d'Kierchefabrék ze bezuelen,
wann net de Paschtouer, mee en anere Geeschtlechen si hält. Dës Suën sin net
fir de Paschtouer perséinlech, mee gi gebraucht fir déi laafend Onkäschten
(z.B. Botzen, Stroum, Rëschten) vun der Kierchefabrék ze begläichen. |