BÄERTREF
![]()
|
De Problem gouf méi akut, wéi
Bäertref no ville Beméiungen 1803 zu enger selbstänneger Par erhuewe gin ass.
Spéitstens elo huet sech d'Fro vun enger eegener Parkierch an och engem
Paschtoueschhaus gestallt. Fir d'éischt gouf 1820 en neit Paschtoueschhaus
gebaut. Déi al Kierch ze vergréisseren oder eng nei op déi selwecht Plaz ze
bauen, war net méiglech, well net genug Plaz do war. De 26.2.1829 ergoung de
Bauoptrag fir eng nei Kierch op deem Terrain vis-à-vis vum Paschtoueschhaus,
wou si bis haut steet, un den Theodor Fichtel vu Bäertref. Wou, wéini an ob
iwerhaapt e Grondsteen vun der Kierch geluecht gouf, ass net bekannt. Ouni
Rücksicht op hir kulturell an historesch Bedeitung gouf déi al Kapell
geaffert, andeems se zum bëllege Steebroch fir déi nei Kierch gouf. Et koum
een och net op d'Iddi, wéinstens eng Skizz oder e Grondrëss dervun ze
maachen, sou datt een iwert d'Ausgesin vun dëser Kapell nëmme spekuléiere kann.
Am spéide Summer 1830 war de Bau vun der Kierch souwäit ofgeschloss,
allerdéngs huet nach alles, wat den Intérieur betrëfft, gefeelt. Den
11.1.1831 gouf de réimesche Véiergöttersteen an déi nei Kierch transferéiert
an als Ënnerbau fir den Haaptaltar opgestallt, awer
esou, datt e ganz verdeckt war. Och goufen déi kleng Niewenaltär an d'Statue
vun den Hellege an där neier Kierch opgestallt an déi zwou kleng Klacken
opgehaangen. Déi virleefeg Benediktioun war de 26.6.1831 mam Dechen Coner vun
Iechternach. An denen nächste Jaren gouf en Optrag fir en neie
klassizisteschen Héichaltar un de Bildhauer Reif vun Tréier ergin. Et bleift
onbekannt, wéini d'Wandmolereien an den Altar fäerdeg goufen. Op jidde Fall
huet d'Kierch an hirer voller Pracht präsentéiert, wéi 1844 de Kinnék
Groussherzog Wilhelm II. an 1846 de Bëschof Jean-Theodor Laurent op Besuch
koumen. Den 30.6.1847 gouf déi nei Kierch vun deem selwechte Tatsächlech
sollt d'Bäertreffer Parkierch am 2. Weltkrich déi
schwéierst Schiëd vun hirer Geschicht erfueren. Duerch dee schon ernimmten
Tuermbrand vun 1941 gouf den Tuerm an d'Sakristei beschiedegt, an an der
Rundstedtoffensiv (1944) gouf d'ganzt Duerf, och d'Kierch an hiren Tuerm,
schwéier beschiedegt. D'Duerf ass nom Kirch rem relativ séier opgebaut gin,
nei Haiser an Hoteler goufe gebaut, just d'Kierch war scheinbar vergiess gin.
Réischt 1949-1950 gouf d'Rekonstruktioun vun der Kierch an Ugrëff geholl.
1951 gouf en neien Tuerm, gläichzäiteg als Waassertuerm, e puer Meter vun der
Kierch ewech, gebaut. An der Mëtt vun de 50 Jaren gouf de Chouerraum vun der Kierch nei gestalt. Well déi
al Molereien praktesch ganz zerstéiert gi waren, gouf d'Chouerwand mat enger
moderner Mosaik versin. D'Motiver dofir, nämlech d'Kräizegungsszen, emgin vun
denen zwee altestamentleche Virbiller vum Christusaffer, goufen aus dem
Antependium vum alen Héichaltar iwerholl. Den Altare vun 1883 gouf duerch
deen Altar, dee bis haut do ass, ersat. Fir d'éischt säit Mënschegedenken
gouf de réimesche Véiergöttersteen net méi verkleedt, mee bewosst als
Ënnerbau vun der Mensa siichtbar gemaach. Een eemolegen Témoignage vun der
Ënner- an Anuerdnung vun de kulturellen a geeschtege Wäerter vun der
réimesch-griechescher Kultur an déi chrëschtlech-abendländesch Welt!
D'Zweet Vatikanescht Konzil (1962-1965) gouf der Kierch en neit
Selbstverständnis, dat säin Ausdrock och an enger erneierte Liturgie an
domatt enger erneierter Opfaassung vum Kierchebau fonnt huet. Sou sollt den
Altar méi däitlech als Afferaltar par rapport zum Expositiounsaltar betount
gin. Den Uert vun der Verkënnegung gouf méi no bei den Altar geréckelt, fir
d'Eenheet vu Wuertgottesdéngscht an Eucharistiefeier ze ënnersträichen.
Deenen neien Direktiven entspriechend gouf 1976 den Altarraum
vun der äertreffer Parkierch, op Initiative vum Paschtouer Arsène Braun (zu
Bäertref vun 1975-2001), nei organiséiert. Virun den Haaptaltar gouf e méi e
klengen Volléksaltar gestallt, deen aus der fréierer Kommiounsbänk
ugefäerdegt gouf. E Brand an der Krëppchen e puer Joer méi spéit war den Ustouss
fir eng gréisser Renovéierung vun der Kierch als Virbereedung op d'150-järegt
Bestoë vun der Kierch am Joer 1982. D’Uergel Déi Bäertreffer Uergel gouf op op
Päischtsonndeg, den 10. Juni 1984 vum Generalvikar vun der Kierch vu Lëtzebuerg,
dem Msgr. Mathias Schiltz
ageweiht a vum
Festorganist Marcel Weis feierlech agespillt. Gebaut gouf si vun der Tréierer
Uergelbaufirma Rudolf Oehms.
Deen einfachen neoromanesche
Kiercheraum huet den Uergelbauer dozou bewegt, vun engem normalerweis übleche breede Prospekt ofzegesin a fir déi grouss wäiss
Wand een an aller Hinsicht plasteschen
Uergelprospekt ze
entwerfen, deen duerchaus
en zweckgerechte Bijou ka betruecht
gin. D’Uergel besteet aus 16 kléngende Regëster, verdeelt op zwee Manualen a Pedal mat am Ganzen 1072 Päifen. D’Spilltraktur ass mechanesch, d.h. d’Tounventiller
gin duerch d’eege Kraft vum Organist opgemaach, während d’Regestertraktur
elektresch ass an duerch Elektromagnéiten erfollegt, wat et erméiglecht huet, wieder Kombinatiounsméiglechkeete
virzegesin.
Filialkierch Bollendorf-Bréck An der Sëtzung
vum 22. November 1951 huet
de Gemengerot vu Bäertreff
eestëmmeg beschloss, eng Kierch
zu Bollendorf-Bréck ze
bauen. Domadder ass ee Problem geléist gin, deen wäit
an d'Geschicht zréckgräift.
Bis 1815 d’Grenzen nei festgeluecht gi sin, huet
Bollendorf-Bréck zu Bollendorf op
der heiteger däitscher Säit vun der Sauer gehéiert. D'Leit sin duer an d'Kierch
gaangen. D’Bollendorfer Kierch war hir Parkierch. 1815 ass Bollendorf-Bréck zur Filial vun der Par Bäertref deklaréiert gin. Allerdéngs war Bollendorf-Bréck
bis 1912 weiderhin zimlech
fest matt Bollendorf verbonnen. D'Kanner
sin déisäit der Sauer an d'Primärschoul gaangen an d’Leit sin och weiderhin duer an d'Kierch gaangen an um
Bollendorfer Kierfecht begruewe
gin. No an
no huet ët sech awer opgedrängt
fir op der Lëtzebuerger Säit endlech eng eegen Schoul ze bauen. Dat ass 1912 geschitt a vum Hierscht 1913 un konnten d'Kanner zu Bollendorf-Bréck an
d'Schoul goën. Schon deemols ass am selwechtn Kontext driwer diskutéiert gin, fir dann och eng eegen Kierch ze bauen an en eegene Kierfecht unzeleën. Aus finanzielle Grënn
ass dee Projet demols allerdéngs net realiséiert gin. Ab dem Joër
1939 war et am Kader vun de Krichsviirbereedunge
vum NAZI-Däitschland kaum
nach méiglech an opportun, op
Bollendorf an d'Kierch ze
goën, sou datt d’Leit obligéiert
waren, dee schwéiere Wee bis op Bäertref
op sech huelen, fir an eng Kierch ze kommen. Och nom zweete Weltkrich
sin d’Leit nët méi op
Bollendorf an d'Kierch an op
de Kierfecht komm, well d’Grenzen
zimmlech dicht gemaach gi waren. Elo goufe provisoresch um Sonndeg an op de Feierdeeg Gottesdéngschter am Schoulsall gehalen. Mam Datum vum 16. Juli 1949 riichten d'Awunner vu Bollendorf-Bréck eng Petitioun an, wou si déi onhaltbar
Zoustänn bekloën an de
Bau vun enger Kierch fuerderen. Ufank Januar
1950 war d'Kierchbaukommisioun op
der Plaz an huet sech e Bild vun der Saach gemaach. Iwerdeems huet d'Chamber "aus nationale Grënn"
eng Kaplounsplaz fir Bollendorf-Bréck votéiert. De Bëschof huet den 30. Oktober
1950 Bollendorf-Bréck, d’Weilerbaach
an de Bäertreffer Deel vum Grondhaff zu enger Seelsorgeeenheet zesummegeschloss
an d'Verwaltung dem Direkter vun
der Kuranstalt Heliar iwerdroën.
An der folgender Zäit ass
ët duerno drem gaangen ee Bauterrain ze fannen an all finanziell Froën ze klären. D'Gemeng hat de
Staatsarchitekt Hubert Schumacher mam Auschaffe vun de Pläng beoptragt. Sou konnt dann den 22. November
1951 Gemengerot vu Bäertref
d'Decisioun fir de Bau falen. Um Oktavssonndeg,
dem 11. Abrëll 1952, ass
a Präsenz vum Bëschof-Kadjutor
Leo Lommel de Grondstee vun
der neier Kierch geluecht gin. Ee Joër méi
spéit, den 3. Mee 1953,
war dann d’Weih vun dräi Klacken duerch den Iechternacher Dechen Ernest
Biermann. (N.B. Nei Klacken an deem
Sënn waren ët allerdengs net: Des dräi Klacken hun zum Gelaits vun Iechternach
gehéiert, dat nom Krich ugeschaaft
gouf. Well awer zu Iechternach een nei Bourdon hikoum
hun dës dräi Klacken nët méi gepasst a si fir 125.000,- Frang un d'Bäertreffer Gemeng fir Bollendorf-Bréck
verkaaft gin. Am Joër 2000 si si allerdéngs nees zréck op
Iechternach komm. Am Kontext vun
deem ganz neie Gelaits vun Iechternach
hu si elo erem besser duer gepasst a Bollendorf-Bréck krut dräi anerer an d'Plaz.) Op Ouschterméindeg, den 19. Abrëll
1954, gouf déi nei Kierch vum
Bëschof-Koadjutor Leo Lommel konsekréiert.
D'Kierch ass op den Titel vun Maria
Himmelfahrt geweiht. Den zweete Patroun
ass den hellegen Willibrord. Käschtepunkt vum Kierchbau (laut engem Beriicht vum 3. Juni 1955): - Konstruktioun vun der Kierch selwer: 2.972.613,- Frang - Miwwele vun
der Kierch (Klacken an Harmonium abegraff): 539.704,- Frang; - Amenagement vum Kierfecht: 280.337,- Frang. De Gesamtkäschtepunkt louch also bei 3.792.654,- Frang. Den 6. November 1955 ass zu Bollendorf-Bréck en eegene Kierchegesank gegrëndt gin, deen bis haut besteet a funktionéiert. Eng bedeitend
an dreiwend Kraaft war secherlech den Abbé Pierre Schritz
(*30.5.1909 zu Mertert, + 13.4.1988 an der
Weilerbach), dee vun 1950
un Direkter vun der Heliar op der Weilerbach war a
bis 1970 d'Geschécker vun
Bollendorf-Bréck geleet huet.
|
||||||||||||
* * *

R.I.P. Abbé Arsène
Braun, * 24.1.1933, +
16.3.2001
Paschtouer vu Bäertref vun 1975-2001
Paschtouer vu Befort vun 1991-2001
"Wir wissen, dass der,
welcher Jesus, den Herrn,
auferweckt hat, auch uns mit Jesus
auferwecken und
uns zusammen mit euch (vor sein
Angesicht) stellen wird."
(2 Kor 4,14)